D’Internetsäit reitstall-an-der-buerg.lu ass Eegentum vum Reitstall an der Buerg, dem Verantwortleche fir d’Veraarbechte vun Äre persounebezunnenen Daten.
Dës Dateschutzrichtlinn reegelt, firwat mir bestëmmte persounebezunnen Daten erfaassen a wéi déi erfaassten Informatioune veraarbecht ginn. Dofir musst Dir dës Dateschutzrichtlinn liese virun deems dir dës Internetsäit notzt.
Sammele vu perséinlechen Daten
Wann Dir dës Internetsäit besicht, erfaasse mir automatesch bestëmmten Informatiounen iwwert Äert Gerät, aschléisslech Informatiounen iwwert Äre Webbrowser, IP-Adress, Zäitzon an e puer vun den op Ärem Gerät installéierte Cookies. Doriwwer eraus erfaasse mir bei Ärer Notzung vun dëser Internetsäit Informatiounen iwwer déi eenzel Internetsäiten oder Produiten déi dir Iech ukuckt, iwwer Internetsäiten a Sichbegrëffer déi op dës Internetsäit verwisen hunn an iwwer Är Interaktioun mat dëser Internetsäit. Mir bezeechnen dës automatesch erfaassten Informatiounen als „Geräteinformatiounen“. Doriwwer eraus erfaasse mir méiglecherweis persounebezunnen Daten, déi Dir eis beim Ausfëlle vum Kontaktformular matdeelt (aschléisslech, mee net beschränkt op Numm, Nonumm, Telefonsnummer, E-Mail Adress, Adress asw.), fir dës Funktioun erméiglechen ze kënnen.
Veraarbechte vun de perséinlechen Daten
D’Sécherheet vun de perséinlechen Daten ass eis Haaptprioritéit. Dofir däerfe mir nëmme Benotzerdate veraarbechten déi zum Oprechterhale vun der Internetsäit onbedéngt erfuerderlech sinn. Dës automatesch erfaassten Informatioune ginn ausschliisslech dozou benotzt potenziell Mëssbrauchsfäll ze erkennen a statistesch Informatiounen iwwert d’Benotze vun der Internetsäit ze erstellen. Dës statistesch Informatioune ginn do dernieft net esou veraarbecht, dass si e bestëmmte Benotzer vum System identifizéiere kënnen. Dir kënnt dës Internetsäit besichen, ouni eis matzedeele wien Dir sidd an ouni Informatioune präis ze ginn unhand vun deenen een Iech als bestëmmten, identifizéierbar Persoun identifizéiere kéint. Wann Dir awer verschidde Funktioune vun dëser Internetsäit benotze wëllt, wéi z.B. eisen Newsletter oder eist Kontaktformular, kënnt Dir eis persounebezunnen Daten aschléisslech, mee net beschränkt op Numm, Nonumm, Telefonsnummer, E-Mail Adress, Adress asw. matdeelen. Dir kënnt Iech dofir entscheeden, eis Är persounebezunnen Daten net zur Verfügung ze stellen, an dësem Fall kënnt Dir méiglecherweis verschidde Funktioune vun dëser Internetsäit net benotzen. Notzer déi onsécher si wéi eng Angaben obligatoresch sinn, kënnen sech gären iwwer info@reitstall-an-der-buerg.lu un eis wenden.
Är Rechter
Wann Dir een Awunner aus der europäescher Unioun sidd, hutt Dir folgend Rechter a Bezuch op Är persounebezunnen Daten:
D’Recht op Informatioun.
D’Zougrëffsrecht.
D’Recht op Berichtegung.
D’Recht op Läschung.
D’Recht d’Veraarbechten anzeschränken.
D’Recht op Dateniwwerdroung.
D’Recht op Widdersproch.
Rechter a Bezuch op automatesch Entscheedungsfannen a Profiling.
Wann Dir vun engem vun dëse Rechter Gebrauch maache wëllt, da kontaktéiert eis w.e.g. iwwert déi nostoend Kontaktinformatiounen.
Wann Dir een Awunner aus der europäescher Unioun sidd weise mir Iech ausserdeem dorops hin, dass mir Är Date veraarbechte fir Verträg ze erfëllen déi mir méiglecherweis mat Iech ofgeschloss hunn oder fir eise opgeféiert legitimm Geschäftsinteressen anerwäiteg ze verfollegen. Notéiert w.e.g., dass Är Datë méiglecherweis ausserhalb vun der europäescher Unioun, aschléisslech Kanada an de Vereenegte Staaten, iwwerdroe ginn.
Links op aner Internetsäiten
Dës Internetsäit ka Links zu aneren Internetsäiten enthalen, déi eis net gehéieren oder net vun eis kontrolléiert ginn. Notéiert w.e.g., dass mir net fir d’Dateschutzpraktiken vun dësen Internetsäiten oder vun Drëtter verantwortlech sinn. Mir empfeelen Iech, beim Verloosse vun dëser Internetsäit opmierksam ze sinn an d’Dateschutzerkläerung vun externen Internetsäiten ze liese well dës méiglecherweis persounebezunnen Daten erfaassen.
Informatiounssécherheet
Mir sécheren déi vun Iech bereetgestallten Informatiounen an enger kontrolléierter, sécherer Ëmgéigend op Computerserveren. D’Informatiounen si geschützt vun onerlaabtem Zougrëff, onerlaabter Notzung, Ännerung oder Oppeleeën. Mir treffen ugemoossen administrativ, technesch a physesch Sécherheetsvirkéierungen zum Schutz virun onerlaabtem Zougrëff, onerlaabter Notzung, Ännerung oder Oppeleeën vun Äre persounebezunnenen Daten. Eng Dateniwwerdroung iwwert den Internet oder WLAN kann awer net ausgeschloss ginn.
Rechtlech Hiweiser
Mir wäerten all Informatiounen déi mir sammelen, benotzen oder erhalen hunn oppeleeë wann dëst gesetzlech virgeschriwwen oder zoulässeg ass, beispillsweis fir enger Virluedung oder engem änleche rechtleche Verfaren no ze kommen a wa mir mat guddem Glawen dovun ausginn, dass d’Oppeleeën erfuerderlech ass fir eis Rechter ze schützen, Är Sécherheet ze schützen, d’Sécherheet Drëtter ze schützen, Bedruch ze ënnersichen oder op eng offiziell Ufro ze reagéieren.
Kontaktinformatiounen
Wann Dir mat eis Kontakt ophuele wëllt, fir méi iwwer dës Richtlinn ze erfueren, oder wann Dir eis am Kader vu Froen am Zesummenhang mat individuelle Rechter oder mat Äre perséinlechen Datë kontaktéiere wëllt, da kënnt Dir eng E-Mail un info@reitstall-an-der-buerg.lu schécken.